Fir d'Ofschaafung vun der Rassenlëscht an enger Reform vum Déiereschutzgesetz zu Lëtzebuerg!
Jetzt unterschreiben
Folgend Rassen ennerstin saitdeem speziellen Bedingungen:
Den Pitbull (Keen FCI unerkannten Hond)
Den American Staffordshire Terrier (unerkannt vun der FCI)
Den American Staffordshire Bullterrier (unerkannt vun der FCI)
Den Tosa (unerkannt vun der FCI)
Den Mastiff (unerkannt vun der FCI) * FCI = Fédération Cynologique Internationale
Holland an Italien hun déi Rassenleschten ofgeschaaf, well se no 5 Joër keng Verännerung festkonnten stellen (Berlin sin déi nächst). Resultat: Et gin emmer mol nach Kanner gebass vu que dass Muppen an Famillen unzetreffen sin mee et kann een net soen dass haaptsächlech Lëschtenhënn am meeschten baissen, an den Statisken sin se meeschtens guer net unzetreffen.
Fro stellt sech a wei wait huet des Gesetz dann elo hei an Lëtzebuerg eppes bruet?
War et vidrun an Lëtzebuerg esou schlemm mat Attacken vun déier Rassen op Hënn an op Menschen dass mer en Gesetz gebraucht hun, oder sin mer just engem europäeschen an medialen Trend nogehoppelt?
Gett et iwwerhaapt eng Statistik waat Baissstattisken zu Letzebuerg ungin an wei eng Hondsrassen doran implizéiert sin fir dëst Gesetz ze begrënnen?
Astatt Rassendiskriminéierung ze bedreiwen misst zu Lëtzebuerg Deiereschutzgesetz réforméiert gin! an den Halter bzw den Mensch zur Responsabilitéit gezunn gin an och penal bestrooft gin wann en sain Deier messbraucht, an Mëssbrauch huet vill Formen. (cf Ordinanza Martino vun 2009 aus Italien)
Zu Lëtzebuerg gëllt en Déier nach emmer als Saach an net als être vivant.
Daat MUSS sech onbedingt änneren! GESETZER MUSSEN DER SITUATIOUN VUM LAND UGEPASST GIN! AN MER HUN KENG KAMPFHONDPROBLEMATIK HEI.
Wann mer all eierlech sin, wisou färten mer déi Henn? Well mer PERSEINLECH eng négativ Erfahrung mat esou engem Hond gemeet hun? oder well mer déi Biller aus der Telé virun den Aen hun wou se als Bluddrënsteg Märder an Kannerfriesser an Honsfriesser dohingestallt sin.
Ech well just nach kuerz dorobber hinweisen, dass haaptsächlech an Amerika nach ganz vill Suen mat illegalen Hondskämpf gemeet gin an wou d'Gesetz do och ganz haart duerchgraift. An zeguer dei abuséiert Muppen kennen erem sozialiseiert gin. Hei an Europa schwätz dach keen dovunner? Et ass alt erem den Mensch deen Déier ausnotzt an Déier gett bestrooft!
En aneren Problem ass, dass daat Gesetz hei esou onduerchsichteg ass waat dann lo déi 'Geféierlech Hondsrassen' ugeet mat hieren paragraphen 'morphologiquement assimilable' dass dann baal all gréisseren an muskuléisen Hond kinnt drënnerfaalen. Domadder sin eis Asiler komplett iwwerfuedert an des Muppen gin nemmen wann iwwerhaapt ganz schweier vermettelt. O ch eis Administratiounen hun Problemer well d'Gestz ontransparent an inefficace ass. Den Vétérinär schreift eppes anescht wei d'Gesetz? Ass den Hond dann lo susceptible d'être dangereux oder net? Wann dann eppes geschitt. Ween ass dann responsable? Ween kontrolléiert daat Gesetz iwwerhaabt?
Dëst sollt en Opruff sin, d'Rassenlescht faalen ze loossen mee eis Deierenschutzgesetz ze réformeieren.
All Hond kann potenziell gefeierlech sin an dësen bestoenden Artikel soll am Gestz bestoen bleiwen an dorobserhin en neit Deiereschutzgesetz opgebaut gin.
Opklärung an Respect am Emgang mat ALL Déier sollt Devise sin. Anstatt Rassendiskriminatioun ze bedreiwen. Ech hoffen eis nei Regierung hëllt dest mat op de Wee bzw hoffen ech dass sech déi zoustänneg Chamberkommissioun dëst eng keier duerch de Kapp goen léisst an eng Question parlementaire stellt Fir weider Infoen: https://www.facebook.com/#!/groups/1437244213175577/
Wenn Sie bereits ein Konto haben, melden Sie sich bitte an, andernfalls erstellen Sie kostenlos ein Konto und unterschreiben Sie dann die Petition, indem Sie die untenstehenden Felder ausfüllen.
E-Mail und Passwort werden Ihre Kontodaten sein, Sie können nach dem Anmelden weitere Petitionen unterschreiben.
Chambre des Députés / Commission parlementaire : Commission de l'Agriculture, de la Viticulture, du Développement rural et de la Protection des consommateurs
Mit Google fortfahren